top of page

Nach dem Studium an der Universität Innsbruck zog es Olga nach Esch-sur-Alzette in Luxemburg, wo sie zunächst als freiberufliche Texterin und Übersetzerin für Französisch und Russisch tätig war.

Vor zehn Jahren beschloss sie, einen alten Traum wahrzumachen und das Kunsthandwerk der Illustration zu erlernen. Seitdem illustriert sie am liebsten in Aquarell und Tusche eigene Geschichten oder Texte anderer Autoren.

Nach "Bim&Anna", "Dem Eco seng Rees", "Mein Papa hieß Michel", "Mein Tiroler Naturschätze-Malbuch", ist im Herbst 2022 in Zusammenarbeit mit Anne Meyers ihr fünftes Kinderbuch, "Geschichten aus dem Escher Déierepark", erschienen.

Man trifft Olga entweder bei Streifzügen durch die Natur im Süden Luxemburgs, in ihrem Atelier im Bâtiment 4, einem offenen Kunst-Zentrum in Esch/Alzette, oder bei einer ihrer Lesungen oder Workshops.  

D’Olga ass zu Innsbruck op d’Welt komm an huet schonn als Kand dovunner gedreemt, eng Kéier Bicher ze schreiwen an ze illustréieren. Virun e puer Joeren huet hatt dofir säi Beruff als Iwwersetzerin un den Nol gehaangen an schafft zanterhier als Illustratorin an Schrëftstellerin. No sengem éischte Kannerbuch „Bim & Anna“, dat et selwer geschriwwen huet an dat 2018 am Verlag Editions Guy Binsfeld erauskoum,  huet d’Olga Reiff „Dem Eco seng Rees“ , geschriwwen vum Alex Fohl, d’Kannerbuch „Mein Papa hieß Michel“, geschriwwen vum Simone Thill, an "Mein Tiroler Naturschätze-Malbuch", mat Texter vum Katharina Marschall, illustréiert. Am Hierscht 2022 ass hirt fënneft Kannerbuch, "Geschichten aus dem Escher Déierepark", geschriwwen zesummen mam Anne Meyers, erauskomm.

D’Inspiratioun fir seng Geschichten a Biller, déi et am léifsten mat Tusch an Aquarell oder och schwaarz-wäiss zeechent, fënnt et a sengem faarweräichen Familljenalldag oder an der Natur.

Donieft gëtt d’Olga seng Begeeschterung fir d'Schreiwen an Illustréieren gär an divers Atelieren weider. Dobäi ass et him wichteg, seng Schüler z'encouragéieren an hinnen ze weisen, dat a jidderengem e grousst kreatiivt Potential stiecht.

Foto Olga 2022.jpg
bottom of page