Kinderbuch-Lesungen

Kanner lauschteren gär Geschichten no - a bei mir gëtt och nach gesongen!
D'Nouten vum "Lidd vum Villchen" fannt Dir hannen am Buch oder ech kommen bei Iech laanscht a mir sangen gemeinsam.
Fir Schoulen, Crèchen oder Maison relais gëtt et eng speziell Offer.
Terminer:
Di nächst Liesungen sin den
11. Mee um 11.30 um Fréijoërsfest vum Escher Déierepark
18. Mee um 11h am Mierscher Lieshaus
Fir weider Detailer, frot mech einfach! reiffo(at) pt(dot) lu
Schreib-Workshops

Meng Schreif-Ateliere fir Kanner sin eng wonnerbar Gelegenheet fir datt si hir Kreativitéit ausliewen an nei Iddiën um Pabeier ausprobéieren. Fir all Alter vun 8 Joër ass eppes dobäi.
"Sief den Held vun denger eegener Geschicht" ass dobäi de Motto!
Terminer:
Di nächst Schreif-Atelierë sin den
8., 15. an 29. Juni,
mëttes vu 14h-16h an der Escher Bibliothéik.
Den Entrée ass fräi.
Umellungen per Email un d'Escher Bibliothéik.
Fir weider Detailer, frot mech einfach! reiffo(at) pt(dot) lu
Zeichen-Workshops

Den Zeechenatelier am Déierepark ass fir all Mënsch vun 4 Joer un eng flott Méiglechkeet, d’Déieren an d’Natur méi genee ze kucken an duerno kreativ ze gin!
Fir dat richtegt Motiv ze fannen maache mir e klengen Tour duerch de Park. Duerno gett gezeechnet oder gemolt - fir Material ass gesuergt.
Den Atelier ass och fir Kanner ouni Begleedung op!
Terminer:
Di nächst Zeechen-Atelierë sin den
15. Juni vun 10.30h-12.00h
7. September vun 10.30 bis 12.00h
Den Treffpunkt ass beim Baurenhaff.
Den Entrée ass 10 EUR pro Famill.
Fir weider Detailer, frot mech einfach! reiffo(at) pt(dot) lu
